Wee si mir ?
De Lëtzebuerger Cabaretsgrupp "Cabaret Batter Séiss" ass säit 2011 op Tour duerch ganz Lëtzebuerg. Zemools am Oste vum Land sinn si vill ënnerwee a brénge wou och ëmmer si hikomme gutt Stëmmung awer och e puer nodenklech Momenter, ouni sech selwer awer ze eescht ze huelen. Et stinn op der Bühn:
Maryse Dondelinger
Actrice, spillt Theater zënter 40 Joer, fréier beim Club des Jeunes a beim Gesank zu Menster, bei den Theaterfrënn Zéisseng a bei de Schanzer Cabarotiker. Ass vun 2023 un Member vun der Equipe vum Cabaret Batter Séiss.

Robert Wagner
Grënner, Acteur, Museker, Auteur a Regisseur vum Cabaret Batter Séiss. Grënner vum Theatergrupp "Theaterfrënn Zéisseng" wou hien 28 Joer laang Acteur a Regisseur war. Fréieren Acteur a Regisseur bei de Schanzer Cabarotiker. Huet bei Produktiounen fir d’ Bech-Berbuerger Musek, fir d’Iechternacher Stadmusek, fir de Gesanksveräin "Lënster Ourewierm" a fir d’ Gemeng Betzder als Regisseur matgewierkt.


Vicky Wagner
Actrice, Auteur a Grënnerin vum Cabaret Batter Séiss. Schoul Theater, Theater bei de Lënster Scouten, fréier Actrice bei den Theaterfrënn Zéisseng a bei de Schanzer Cabarotiker. Solfège a verschidde Gesank‘s Couren bei der Inecc. Jazz Dance Ausbildung. 2015 Meisterklasse "Acting wile singing" Sommerakademie Drosendorf bei der Kabaretistin Sandra Kreisler.

Liette Wilgé
Zënter 2014 beim Cabaret Batter Séiss. Solfège a Guitar's Couren. Verschidde Couren bei der Inecc. Gesangsausbildung bei der Union Grand Duc Adolphe mat Ofschloss vun der "1. Mentioun". Gesongen beim Jugendchouer Beidler /Eeschweller/Roudemer, Madrigal de Luxembourg, Chorale Municipale Sängerfreed Beetebuerg, Lënster Ourewiem. Solistin op Hochzäiten. Stage Cabaret zu Berlin bei der Kabaretistin Sandra Kreisler.
Camille Neyens
Technik

Lena Wagner
Grafik Design, Affiche, Programm

Éischt Optrëtter bei den "Schanzer Cabarotiker". Vun Ufank un beim Cabaret Batter Séiss als Actrice. Interesséiert u Fotografie a Konscht. Nom Ofschloss vum Iechternacher Lycée, Studium op der Design Akademie zu Berlin am Fachberäich Kommunikatiounsdesign mat Schwéierpunkt: Illustratioun a Fotografie.