De Cabaret Batter Séiss stellt vir:
Programm 2022
„Iwwerlieft“

No enger vill ze laanger Zwangspaus melle mir eis aus der Konscht-Quarantaine zeck op d‘ Bün..
Jo, mir hunn iwwerlieft an eis Texter a Lidder och.
Mee sinn déi Texter a Lidder elo iwwerlieft? Sinn se net méi ze gebrauchen oder sinn se haut erëm méi wéi aktuell?
Mir hunn an eisem Archiv gewullt a sinn do op eng ganz Rei vu Saache gestouss, di eiser Meenung no fir den Ablack ëmmer nach méi wéi aktuell sinn. Jo, villäicht elo nach méi wéi virdrun:
- Wat sinn dat fir Mënschen déi op der Welt d' Liewen, de Fridden, de Krich matbestëmmen?
- Stitt dir moies vill ze laang am Stau oder hutt der iech an enger vun de villen Deviatioune verfuer?
- Sidd der iech am Lockdown och alt emol richteg op de Geescht gaangen an ärer Koppel?
- Hutt dir am Lockdown net ze vill giess?
- Hutt dir der Grande-Duchesse hiert neit Buch scho kaaft?
- Asw.
De Moment hätte mir genuch Themen fir ee ganze Marathon-Cabarets Owend ze fëllen an eis Missioun, nämlech fir iech ee flotten Owend ze bidden an iech laachen ze dinn, huet Munitioun genuch.
Mir freeën eis net nëmmen op ons Owender, mee och op iech alleguerten.
De Programm "IWWERLIEFT" wëlle mer nach bis Enn des Joers 2022 spillen. Wann dir de Cabaret Batter Séiss fir ee flotten Owend am Hierscht wëllt bei iech alueden, dann zéckt net a rufft un um Tel.: info@batterseiss.lu oder iwwert email +352 621 17 62 35: rowa@pt.lu
Mir hunn "IWWERLIEFT", an dir?