De Cabaret Batter Séiss stellt vir:

En neie Programm fir d'Saison 2019/20

“Et geet ëm de Fric”

Wann een d ‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi klengen Décisioune wëllt verstoen an novollzéien, da kennt een noutgedrongen ëmmer nees zum selwechte Schluss. Et geet bal ëmmer just nëmmen ëm dat eent, an dat ass de Fric. Vill Décisiounen si Gëft fir de Fridden, fir d’ Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. Egal?! Wann herno d ‘Kees stëmmt, ass dann alles an der Rei? Oder vläicht awer net?

Et gëtt zwar behaapt, datt de Fric net géif glécklech maachen, mee et beroueg awer immens, wann een es huet. Am ëffentlechen an am private Liewen ass dat méi wéi wouer. An hirem neie Programm 2018/19 mécht sech de Cabaret Batter Séiss , wann der wëllt och zesumme mat iech, Gedanken zu dem Thema Fric, an dofir heescht hiren neie Programm: Et geet ëm de Fric!

Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Thematik. Et ass dem Ensembel säin 10. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Liette Wilgé, zesumme mat den Acteuren Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’ Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler an all Deel dauert ronn eng Stonn.

Wann och Dir wëllt de Cabaret Batter Séiss mat hirem Programm “’t geet ëm de Fric” bei Iech alueden, da waart net ze laang fir ze buchen. All noutwenneg Informatioune krit Dir gären iwwert den Telefon: +352 621 17 62 35 oder op info@batterseiss.lu.

D’Première ass den 12. Oktober 2019 am Trifolion zu Iechternach.

Folgend Datume si scho reservéiert: 8. 16. 22. an 29. November souwéi de 17. Januar 2020.