Drenkwaasser fir de Kamerun
De Cabaret Batter Séiss hat wärend der Saison 2019/2020 eng Kollekt vu Geld organiséiert fir en humatitäre Projet vun der Schwäizer asbl Ashia am Kamerun ze ënnerstetzen. Et koum duerch dess Aktioun genuch Geld zesummen fir zwee Pëtzer bueren ze loossen. Dess Projetë si mëttlerweil réaliséiert an ofgeschloss. Hei ënnerdrënner fann der Linken zu den offiziellen Dokumenter, déi mir vun Ashia kritt hunn an déi mat Text a mat Biller e gudden Abléck vermëttelen an deen ee Projet vun "Ess-Gue, Bezirk Mayo-Danay, Extrême-Nord-Kamerun" an och an deen anere Projet vun ""Pourhana, Bezirk Mayo-Danay, Extrême-Nord-Kamerun".
E ganz grousse Merci un all déi, di deemols onst rosa Spuer-Schwengchen mat hierem Don gefiddert haten. D'Resultat vun Iech alleguerte léisst sech weisen.
Merci seet de Cabaret Batter Séiss.
