Programm fir d’Saison 2018/19
De Cabaret Batter Séiss stellt vir:
“Wéi krank ass dat?”
Et ass der net gutt, du gees bei den Dokter an dee seet der, dass de ferm krank bass. Spéitstens elo stells de him d’ Fro: Wéi krank ass dat? Wat ass méi schlëmm? En Accouchement oder eng Männer Gripp? - Och am Alldag ginn et Leit, déi hunn e komescht Behuelen. Du bass erstaunt iwwert hier Reaktiounen, iwwert hier Äntwerten, hier Aktiounen. Och elo stells der nees d’ Fro: Wéi krank ass dat? - D’ Politik mécht leider keng Ausnam. Vill Décisiounen sinn net novollzéibar, si Gëft fir de Fridden, fir d’ Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. An hirem neie Programm 2018/19 stellt sech de Cabaret Batter Séiss , wann der wëllt och zesumme mat iech, d’ Fro: Wéi krank ass dat?
Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Fro. Et ass dem Ensembel säin 8. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Liette Wilgé, zesumme mat den Acteuren Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’ Texter vun de Sketcher an de Lidder si vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler an all Deel dauert ronn eng Stonn.
Wann och Dir wëllt de Cabaret Batter Séiss mat hirem Programm “Wéi krank ass dat?” bei Iech alueden, da waart net ze laang fir ze buchen.
All noutwenneg Informatioune krit Der gären iwwert den Tel.: +352 621 17 62 35 oder op info@batterseiss.lu