Programm fir d’Saison 2023

De Cabaret Batter Séiss stellt vir:

“Näischt fir näischt”

“Et ass Näischt fir näischt”, gëtt ëmmer gesot. Souguer net der Dout ass fir näischt, well dee kascht engem bekanntlech jo d’ Liewen. Kann een iwwerhaapt iwwer “Näischt” schwätzen? 2023 ass e “Super-Wal-Joer” a wiele goen ass jo awer och net “Näischt”. Grad ewéi dat de Fall ass bei Theme wéi de Klimawandel, d’ Energiekris, ons gesellschaftlecht Zesummeliewen, national an international Politik an nach villes méi. Bei all deenen Themen do gëtt et “Näischt fir näischt”.

An d’ Konsequenze vu fréieren Entscheedungen, déi oft Gëft ware fir de Fridden, fir d’ Ëmwelt, fir ons Gesellschaft, sinn ëmmer méi ze spieren a verlaangen elo vun ons hire Präis. Solle mer dann elo eng Depressioun maachen wa mer un dat denke, wat ons an der Zukunft erwaart? De “Batter Séiss” mengt net, well och esou eng Depressioun gëtt et net fir “Näischt” a se kennt ons eventuell och nach ons Gesondheet kaschten.

An et gëtt nogewisener Weis dach awer näischt bessers wéi iwwert Verschiddenes einfach nëmmen ze laachen an sech dono besser ze spieren. Verännert kréie mer souwisou guer näischt, mee mat Humor ass villes eréischt ze verdauen an et lieft sech dono op alle Fall besser, gëtt emol gesot. An hirem neie Programm 2023 mécht sech de Cabaret Batter Séiss , a wann der wëllt och mat iech zesummen, Gedanken iwwert all déi Themen, an dofir heescht hiren neie Programm: Näischt fir näischt

Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Thematik. Et ass dem Ensembel säin 11. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner, Maryse Dondelinger a Liette Wilgé, zesumme mam Acteur Rob Wagner gespillt gëtt. D’ Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss selwer a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler an all Deel dauert ronn eng Stonn. Wann och Dir wëllt de Cabaret Batter Séiss mat hirem Programm “Näischt fir näischt” bei Iech alueden, da waart net ze laang fir ze buchen. All noutwenneg Informatioune krit Dir gären iwwert den Telefon: +352 621 17 62 35 oder op info@batterseiss.lu

D’ Première ass den 13. Januar 2023 am Centre Culturel zu Zéisseng.


Vicky Wagner - Liette Wilgé - Rob Wagner - Maryse Dondelinger