De Cabaret Batter Séiss presentéiert:
säi Cabaret ’s-Owend 2026
Et gëtt deier!

Et gëtt deier“ – mee Laachen ass nach ëmmer gratis! De Cabaret Batter Séiss presentéiert säin neie Programm a kënnt gären och bei Iech optrieden.

D’Präisser ginn an d’Luucht, d’Nerven och – mee Humor hëlleft. Am 14. Programm vum Cabaret Batter Séiss hëlt den Ensembel mat Witz, Bëssegkeet a Charme den Alldag, d’Politik an aner kleng Absurditéiten ënnert d’Lupp. Zwee Deeler vu jeeweils ronn enger Stonn bidden Texter a Lidder vum Ensembel selwer (Maryse Dondelinger, Vicky Wagner, Thierry Feiereisen a Rob Wagner) ënnert der Regie vum Rob Wagner.

All noutwenneg Informatioune krit Dir gären iwwert den Telefon: +352 621 17 62 35 oder op info@batterseiss.lu


Dates de spectacles 2026

  • 27 Februar
    2026

    Les Amis de Pirajá zu Märel - Freides, de 27. Februar 2026

    Les Amis de Pirajá invitéieren op d’Première vum
    CABARET BATTER SÉISS
    „ET GËTT DEIER“
    am Home St Gengoul
    26, rue de St Hubert
    zu Märel vis-à-vis vun der Kierch
    Reservatioun bei der Madame Schommer
    um Tel. : 621 230 063
    Entréespräis : 20 Euro
    Oweskees um 19.00 Auer
    Rido um 20.00 Auer
    Fir dee klengen Honger a Gedrénks ass gesuergt

     

Newsletters
Fir di neisten Informatiounen ze kréien iwwert de Cabaret Batter Séiss klickt hei